Culture & musique

Publié le 05 octobre 2022

2022-10-15 22:00:00+00:00 10:30 12:00
2022-10-16 21:59:00+00:00

De Kapitän Mullebutz a seng séisswaasser-Matrousen si wibbeleg

051 KAPITÄNMULLEBUTZ2 7422©jeanineunsen

Informations générales


16.10.2022 10:30 - 12:00

ArcA

@ ArcA
Entrée: Erwuessener 10 € / Kanner 5 €

10.30 Auer

Tickets: https://www.luxembourg-ticket.lu/fr/8/eid,53643/de-kapitaen-mullebutz-a-seng-s%e9isswaassermatrousen-si-wibbeleg.html



No méi wéi engem Joer Corona wëllen de Kapitän Mullebutz a seng Matrousen nees Gas ginn. Si hu schlëmm no de klengen a grousse Pirate verlaangert a si lo net méi ze bremsen, fir zesummen eng grouss Party ze feieren.

DANZEN, SANGEN, SPRANGEN, a GUTT LAUN stinn um Programm!

Och d’Madame Li ass nees derbäi a freet sech, dass d’Matrouseband an de ganze Publikum a Form kënnt. Den zweeten Deel vun der erfollegräicher Iddi, flott Kannerlidder an en neie Mäntelchen ze stiechen, Rock a Popsongs kannergerecht op Lëtzebuergesch ze sangen, ass no deem laange Lockdown nees zeréck op Tournée. De Kapitän an de Steiermann hunn Toplidder, souwéi deen een
oder aneren neie Song an de Programm geholl. Et versprécht e grousse Spaass ze ginn.

KOMMT, SANGT AN DANZT MAT EIS!

Op Lëtzebuergesch a fir jidderee vu 4 Joer un.
Fir déi Leit, déi net esou gutt héiere kënnen, hu mir eng nei Séisswaassermatréisin u Bord, déi dem Kapitän säi Gebraddels a Gebäerden iwwersetzt.