La commune
Publié le 08 septembre 2022
2022-10-08 22:00:00+00:00 14:30 19:00Thé Dansant - Oktoberfest Edition
![005 FB Cover 1200x630px Thé Dansant Oktoberfest 2022 RVB](/thumbs/836c7cc0-9351-11ed-b3e3-7b59a52b50ae-lowRes.jpg)
Informations générales
09.10.2022 14:30 - 19:00
D'Begeeschterung an déi positiv Resonanz vun de Leit waren esou grouss, datt mir eis direkt op d'Bee gesat hate fir dee nächsten Thé dansant ze plangen.
Elo freeë mir eis Iech kenne matzedeelen, datt all Dänzer sech dësen Dag direkt mierke soll fir d'Féiss beweegen ze loossen.
Mee och d'Net-Dänzer sollen hei net ze kuerz kommen an ee ganz flotten Nomëtteg an enger fantastescher Ambiance erliewen.
An well mer am Oktober sinn, gi mer dem Ganzen e klengen Oktoberfest-Flair.
Dofir invitéieren mir Iech an der Truecht oder Lederhose ze kommen.